19.05 Gëlle Fra Marathon Party
19.05 Gëlle Fra Marathon Party

Den 19. Mee 2012 ab 17 Auer brennt nees den Baam bei der Gëlle Fra. Am Cader vum Marathon organiseieren mir nees eng super Grill-Party direkt um marathons Trajet.
NEI: komm an geneiss de längsten Comptoir um Marathon.
Kommt mat a maat Stémmung mar den Aigles fir de Spot Event vum Joër.

Versammlung 12.05
Beaver / Wëllefcher: Versammlung 14h00 - 16h00
Scouten: Versammlung 14h00 - 16h00
Versammlung 05.05
Beaver / Wëllefcher: 10h00 - 16h00 Sortie Bettebuerger Park. Weider Informatiounen ginn et hei (informations aussi en français).
Scouten: Sortie
Explorer / Rover: Roverraid
Versammlung 28.04 UPDATE
Beaver/Wëllefcher: KENG Versammlung fir d'Beaver a Wëllefcher
Scouten: Versammlung 14h00 - 15h30
Explorer/Rover: Laser-tag + Iessen @ Buffalo Grill 18h30
Trimesterprogramm III
D'Trimesterprogrammen fir d'drëtt Trimester sinn prett fir erofgeluedenen ze ginn. Dir fannt se an der Rubrik Documents.
Schaffweekend
Den Week-end vum 13en Abrëll huet sech eng motivéiert Equipe, ënnert dem Impuls vum Marc, an d'Home gemaach fir do massiv eisen Terrain ze beplanzen. Eng Abberzuel vun Planzen goufen an den Hang gesat. Kuckt Iech d'Resultat am beschten hei selwer un.
En groussen Luef also un eis Schafferten.
Totem 1/2012
Versammlung 17.03
Beaver / Wellefcher: 16.03-19.03. Intermeute mat den CBDM
Scouten: Versammlung 14h00 - 15h30
Versammlung 10.03
Beaver / Wellefcher: Versammlung 14h00 - 15h30
Scouten: Versammlung 14h00 - 15h30
Explorer: Velos-Sortie zu Lëltz. Weider Infromatiounen fenns du hei.
Opgepasst: Den Ouschtercamp vun den Beaver a Wellefcher ass op den Week-End vum 16.03-19.03. verschiebt ginn. Desen Camp ass en Intermeute mat den CBDM
Ouschtercamp 31.03 - 03.04 (Scouten)
Du bass häerzlech invitéiert op ons Olympesch Spiller un den Aigles - CBDM. Natierlech brauchs du Qualificatioune fir matzemaachen. Déi si folgend: Du muss e
Scout oder eng Guide vun den Aigles oder CBDM sinn, du muss super motivéiert sinn an d’Souche hei drënner ausfëllen an aschécken. Hues du all déi Qualificatiounen? Dannn zéck net laang a mell dech un, fir dech an alle sportlechen Disziplinnen mat deenen anere moossen ze kënnen.
Wat: Olympesche Camp
Wou: Zu Stroosen am Home vun den Kierwerklécken
Wéini: Vum 31 Mäerz bis den 3. Abrëll 2012
Rendez-vous: Samsched den 31.03 um 16h00 am Home vun den Kierwerlécken
Retour: Dënschteg den 3.04 um 16h00 op där selweschter Plaz
Weider Infoen gin et hei.
Versammlung 03.03.2012
Explorer: Versammlung 16h00
Scouten: Versammlung 14h00 - 15h30
Beaver Wellefcher: Keng Versammlung
Ausser:
D'Sixer an d'Seconden dei sech ugemellt hunn ginn den 03 an 04.03 op Huelmes op de SIWE; en Week-End deen vun der FNEL organiseiert ass.
Rendez-vous: Samsten, den 3 März um 14h00 zu Huelmes (Hollenfels)
Retour: Sonndes, den 4 März um 15h00 rem zu Huelmes
Versammlung
Dësen Samschden:
Wellefcher: 14h00 - 15h30 Versammlung am Home
Scouten: Wanterhike
Next 2 Weekender ass winst der Vakanz keng Versammlung
Versammlung
Dësen Samschden:
Scouten: 14h00 - 15h30 Versammlung am Home
Explorer: 16h00 Versammlung
Versammlung
Dësen Samschden:
Scouten: 14h00 - 15h30 Versammlung am Home
Beaver + Wellëfcher: 15h00 - 21h00 Sortie. Rendez-vous an Arrivée beim Home.
Les Aigles on Stage
Salut alleguer,
Wei der wesst steet den Aigles on Stage firun der Dier an dofier mussen mer natirleg üben.
Weider Informatiounen fant dir hei.
Objets trouvés
Hues du eppes um Chrëschtcamp verluer oder vergiess. Dann kuck hei emol laanscht. Villäicht ass däin Kleedungsstéck jo dobäi.
Mell dech bei engem vu dengen Cheffen wann dëst den Fall ass.
Versammlung
Totem 4/2011
Chrëschtcamp
Léif Beaver, léif Wëllef, léif Scouten,
den Aigles Secret Service sicht no neien Agente fir seng geheim Missiounen an der ganzer Welt auszeféieren. Dir sidd scho laang ënner Observatioun bei der A.S.S. wéinst äre sensationelle Spionagefäegkeeten an dofir de perfekte Kanditat fir den nächsten Special Agent vum Aigles Secret Service ze ginn.
Also, mell dech schnell un fir kënnen un der Ausbildung um Chrëschtcamp zu Mamer mat ze maachen.
Wou ? : Home Mamer Wiselen 107, route d'Arlon L-8211 Mamer
Wéini ? : 17.-20. Dezember 2011
Rdv ? : 16:00 Auer 17. Dezember Home Mamer Wiselen
Retour ? : 16:00 Auer 20. Dezember Home Mamer Wiselen
Weider Infoen gin et hei.
BV - LX - SC de Kleesche kennt!!!
BV - LX - SC - EX ginn schwammen
Nechsten Weekend 19. Nov gi mir d'Beaver, Wëllefcher d'Scouten wei och d'Exploer zesummen an d'Thermes schwammen. Dest get decken gaas. Dofir komm och du.
Weider Infoen ginn et am hei.
Explorer Sportdag
Dëst Joer ass een Explorer Sportsdag an zwar den 22. Januar zu Diddeleng an der Sportshal (Centre Hartmann). Mir mussen mindestens zu 5 sinn fir kënnen matzemaachen. Mir designen eis dann och gäil Ekippen T-Shirten!
Explorercamp 2012
Hues du Loscht d'nächst Joer en flotten Camp mat aneren Explorer ze erliewen, dann reservéier der direkt den Datum vum 10.04 - 14.04.2012.
Mir maachen en Vëlos'tour duerch d'Belge an
iwwer d'Plage fir all Niveau mat engem gutt gefëlltem an flottem
Kader-Programm
Weider Informatiounen fannt dir am pdf enner der Rubrik Documents
Verspriechen
En wichtegen Weekend steet firun der Dier, nämlech deen vum Verspriechen. Do kreien endlech all déi nei Beaver an Wellefcher hiren Foulard, nodems se daat traditionelt Scoutsverspriechen oofgeluecht hun. Déi nei dierfen dësen Evenement also op kee Fall verpassen, well et gëtt en eemolegt Erliewnis!!!
RDVS ass den 12. November um 14h00 beim CBDM’s Home zu Merl.
Weider wichteg Informatiounen fënns du am Unhang oder wei gewinnt ënnert der Rubrik Documents
Croix-Rouge Bazar
Dësen Sonnden den 13 November ass fir eis Scouten ab 11h00 an der Victor Hugo Haal um Lampertsbierg den traditionellen Croix-Rouge Bazard ugesot.
Weider wichteg Informatiounen fënns du am Unhang oder wei gewinnt ënnert der Rubrik Documents
Fotoen
Nei Fotoen sinn online.
Freet Iech op eng Galerie déi vun Dag zu Dag méi grouss gëtt. Ze gesinn gëtt et ënnert anerem d'Fotoen vun der Inauguratioun an Nieuwpoort.
Versammlung
Montée
D’Montée steet virun der Dier!!! Dofir versammelt sech de ganze Grupp geschwënn
zesummen zu Miersch. 11 couragéiert Wëllef verloossen ons Meute fir Scouten ze ginn. Dofir kommt all den Weekend vum 15-16. Oktober mat ons op Miersch fir dat mat hinnen ze feieren!
D'Umellung wei och "Wat muss ech mathuelen?" sinn ënnert der Rubrik Documents" erëmzefannen.
Video
Den Nieuwpoort Summercamp Video ass online. Dir fannt en ennert der Rubrique "Galeries".
Objets trouvés
Folgend Kleedungsstécker sichen hiren Proprietaire.
Wann dir een vun dësen Kleedungsstécker vermësst, dann mellt Iech weg beim Raoul.
Aweiung a Scoutskiermes
Freet Iech op eng flott Inauguratioun (mat enger eenzegaarteger Logoentüllhung) an spaasseg Kiermes (mat exklusivem Summercamp Video)!
Kommt weg all an tip toper Uniform.
Roverversammlung
Nei Auerzäit: D'Versammlung fir d'Rover vum nächsten Freiden (23 September) ass op 14h00 verluecht ginn.
1. Versammlung
17. September Fotoshooting
An der Versammlung vun dësem Samschden ginn Gruppefotoen gemaach. Dofir komm an tip toper Uniform. Weider Informatiounen fënns du am Trimesterprogramm vun denger Branche (Documents).
Totem 3/2011
Trimesterprogramm
D'Trimersterprogrammen vun den Beaver / Wëllefcher / Scouten / Explorer / Rover sinn fäerdeg an prett fir erof gelueden ze ginn (Documents)
Aweiung a Scoutskiermes
24. September Aweiung
- 14h30 Offiziell Home Aweiung mam Buergermeeschter esou wei Memberen aus dem Cheffe a Gemengerot. Gefollegt gëtt dat Ganzt vum traditionellen Éirenwäin.
- 17h30 Soirée ënnert Scouten
25. September Scoutskiermes
- 11h30 Concert vun den "Gavroches"
- 12h30 Mëttegiessen mat groussen aweiungs Kuch / Spill an Spass fir grouss a kleng / Visite vum Home
Den Flyer fannt dir ënnert der Rubrik Documents
